9.9.-15.9. Stage zu Diddeleng a Réimech

Léif Participanten,

de leschte Stage virun dem grousse Moment ass do.

D'Iwwernuechtung ass am Scoutshome-Belvédère:

Rue Jean Friedrich,
L-3469 Dudelange

Denkt w.e.g. drun Bettbezich, Schlofsaack o.ä. matzebrengen.

De Stage fänkt de Méindeg um 10h zu Diddeleng un an ass offiziell den Sonndeg 15.9. nom Optrett zu Munneref ferdeg.

D'Prouwen fannen zum Deel am Scoutschalet zu Diddeleng statt, deels zu Réimech an der Sportshaal "um Gewännchen". Mir versichen den Transport vun Diddeleng op Réimech an zereck mat Camionnetten ze gewährleeschten, mais falls daat nët duergeet géife mir, wéi beschwaat, verschidde Participanten bieden mat hiere Privatautoen ze fuehren.

Merci am Viraus &

LG,

RotR-Team

Kontakt: info@rollinontheriver.lu