Concept

D'Babylonia-Jugendhaus (vun de Gemenge Bous, Réimech, Schengen a Stadbriedemes), d'Jugendhaus Munneref an d'Jugendhaus Duelem/Weiler-la-Tour, an Zesummenaarbecht mam SNJ an der Agence artistique "Kadakes", organiséiren e Musiksevent mat a fir Jonker zwëschen 12 an 30 Joer.

Dëse Musiksevent soll de Jugendlechen eng Plattform bidden hier kreativ Talenter ënner Beweis stellen ze kennen, sief dat am Sangen, Danzen, Räppen, als Museker aus deene verschiddenste Genren, DJ etc. genausou wéi am Beräich Sound- a Bühnentechnik oder Dekoratioun.

Zesumme mat renomméierte Kënschtler wéi dem Sylvia Camarda, Paul Hoffmann, de Läb a Serge Schonckert stellen si virum Hannergrond vum 50ste Bühnejubiläum vun de Rolling Stones eng Show op d'Been déi Jonk an Al beweise soll, datt d’Stones nët ouni Grond iwwer 5 Dekaden lang a generatiouneniwwergraïfend een Erfolleg nom anere feiere konnten.