Oflaaf: RotR um "On Stéitsch"-Festival

Léif Participanten.

Hei namol kuerz déi wichtegst d'Infoen zum Optrëtt um "On Stéitsch" de Samsdeg 28.9.13 am Carré Rotondes (1, rue de l'Aciérie L-1112 Luxembourg-Hollerich- www.onsteitsch.lu).

Et gëtt keng Extraprouw an den Deeg virdru gemaach, dofir gët all Participant gebieden w.e.g. fir 13:30h zu Hollerech ze sinn, fir datt e ganzen Duerchlaaf op der Bühn gemaach ka ginn.

Des weideren gesaït den Oflaaf den Dag selwer folgendermossen aus:
12:15 - 13:30h : Unliwwerung vun den Instrumenter - (Bass-Verstärker mat Top an Drumkit as sur place - Drums kennen hir Pedallerie, Snare & Cymbals matbrengen falls gewollt)
13:30h Treffpunkt fir all d'Participanten

Obgepasst: Ab 13:30h ass den Haff zou! Parken am Haff ass also dono nëtméih méiglech.

Den Optrëtt selwer ass vun 16:00 - 16:40h
BTW: Et si keng Risers op der Bühn, just fir d'Drums

MbG,
RotR-Team