PREMIERE 15.6.13

No villen an intensive Prouwen ass lo endlech de Moment do an déi jonk Artiste si stolz Iech d’Resultat vun hierer Aarbecht ze weisen.

Duerfir géife mir ons all freeën mat Iech zesummen d’Première vu „Rollin’ on the river“ am Kader vun der „Fête de la musique“ zu Wellesteen ze feieren.

15.06.2013
um 20:30h
zu Wellesteen
(Op der Baach)

Dëst as den éischten vun insgesamt 4 Optrëtter (weider Terminer: 14., 15. an 28. September 2013).

Weider Informatioune fannt dir hei um Site oder schreift eis w.e.g. op
info@rollinontheriver.lu

Merci am Viraus fir Ärt Interesse,

D’Ekippe vum “Rollin’ on the river”
Carole Kummer, Gil Mathes, Eric Wadlé a Kim Schortgen