WORKSHOP 13.-14.4.13

Léif Jonk, léif Elteren,

De Weekend vum 13.4.-14.4.2013 ass deen éischte Workshop un deem d’Participanten aus deene verschiddenen Disziplinnen deelhuelen a gemeinsam prouwe wat si bis elo an den eenzelne Gruppe mat hiere Coachen ausgeschafft hunn.

Et geet lass um 10h00 un mat enger klenger Informatiounsronn zu der net nëmmen d’Participante mä och hier Elteren häerzlech ageluede sinn (besonnesch am Fall wou de Participant nach keng 18 Joer huet). De genaue Programm vum Dag fannt dir an der Annexe.

Dëse Workshop ass e feste Bestanddeel vum Proufplang an et ass wichteg dat dir dobäi sidd. Mellt iech w.e.g bis de 4. Abrëll iwwer info@rollinontheriver un a sot eis och op dir wëllt op der Plaatz iwwernuechten.

Dës weidere fannt dir hei eng Lëscht mat den Dokumenter déi mir nach vun iech brauche fir dat dir während de Prouwen assuréiert sidd an de Projet allgemeng gutt ofleeft.

 Fiche d’inscription
 Fiche médicale
 Autorisation (gegebenenfalls vun den Elteren) à la publication des photos
 Contrat de participation

(Déi éischt draï Dokumenter fannt Dir och hei op eisem Site, ënnert: Formulaires)

Schéckt eis Är Kopien w.e.g. eran oder bréngt se spéitstens den 13. Abrëll mat.
Weider Informatioune fannt dir op www.rollinontheriver.lu oder schreift eis op info@rollinontheriver.lu

A mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 8.4.13 via Email fir de Worhshop un, mat enger klenger Notiz ob Dir hei schlofe wellt.

Merci am viraus fir är Méi an äert Engagement a vill Spaas um Worhshop!

Programm vum Workshop

13.4.13
10h00 Infoversammlung fir d’Elteren an d’Participanten
Accueil a Kenneléiren bei engem gudde Kaffi
11h00 Yoga mam Sylvia Camarda fir ALL d’Participanten.
11h45 Paus
12h00 Prouwen
14h00 Iessen
15h00 Prouwen
18h00 Iessen
19h30 Film iwwert d’Stones
22h00 Jugendherberg

14.4.13
10h00 Yoga mam Sylvia Camarda fir ALL d’Participanten
10h45 Paus
11h00 Prouwen
13h00 Iessen
13h45 Prouwen
15h45 Mir raumen all zesummen op
16h00 Verabschiedung