News

25/09/2013

Oflaaf: RotR um "On Stéitsch"-Festival

Léif Participanten.

Hei namol kuerz déi wichtegst d'Infoen zum Optrëtt um "On Stéitsch" de Samsdeg 28.9.13 am Carré Rotondes (1, rue de l'Aciérie L-1112 Luxembourg-Hollerich- www.onsteitsch.lu).

Et gëtt keng Extraprouw an den Deeg virdru gemaach, dofir gët all Participant gebieden w.e.g. fir 13:30h zu Hollerech ze sinn, fir datt e ganzen Duerchlaaf op der Bühn gemaach ka ginn.

Des weideren gesaït den Oflaaf den Dag selwer folgendermossen aus:
12:15 - 13:30h : Unliwwerung vun den Instrumenter - (Bass-Verstärker mat Top an Drumkit as sur place - Drums kennen hir Pedallerie, Snare & Cymbals matbrengen falls gewollt)
13:30h Treffpunkt fir all d'Participanten

Obgepasst: Ab 13:30h ass den Haff zou! Parken am Haff ass also dono nëtméih méiglech.

Den Optrëtt selwer ass vun 16:00 - 16:40h
BTW: Et si keng Risers op der Bühn, just fir d'Drums

MbG,
RotR-Team

07/09/2013

9.9.-15.9. Stage zu Diddeleng a Réimech

Léif Participanten,

de leschte Stage virun dem grousse Moment ass do.

D'Iwwernuechtung ass am Scoutshome-Belvédère:

Rue Jean Friedrich,
L-3469 Dudelange

Denkt w.e.g. drun Bettbezich, Schlofsaack o.ä. matzebrengen.

De Stage fänkt de Méindeg um 10h zu Diddeleng un an ass offiziell den Sonndeg 15.9. nom Optrett zu Munneref ferdeg.

D'Prouwen fannen zum Deel am Scoutschalet zu Diddeleng statt, deels zu Réimech an der Sportshaal "um Gewännchen". Mir versichen den Transport vun Diddeleng op Réimech an zereck mat Camionnetten ze gewährleeschten, mais falls daat nët duergeet géife mir, wéi beschwaat, verschidde Participanten bieden mat hiere Privatautoen ze fuehren.

Merci am Viraus &

LG,

RotR-Team

Kontakt: info@rollinontheriver.lu

03/09/2013

Prouwen den 3.9-5.9.13; 18-22h

Den 3.9.-5.9.13 fannen vun 18-22h Prouwen am Babylonia-Jugendhaus statt.
Dës Prouwen sinn fir all d'Participanten.

07/06/2013

PREMIERE 15.6.13

No villen an intensive Prouwen ass lo endlech de Moment do an déi jonk Artiste si stolz Iech d’Resultat vun hierer Aarbecht ze weisen.

Duerfir géife mir ons all freeën mat Iech zesummen d’Première vu „Rollin’ on the river“ am Kader vun der „Fête de la musique“ zu Wellesteen ze feieren.

15.06.2013
um 20:30h
zu Wellesteen
(Op der Baach)

Dëst as den éischten vun insgesamt 4 Optrëtter (weider Terminer: 14., 15. an 28. September 2013).

Weider Informatioune fannt dir hei um Site oder schreift eis w.e.g. op
info@rollinontheriver.lu

Merci am Viraus fir Ärt Interesse,

D’Ekippe vum “Rollin’ on the river”
Carole Kummer, Gil Mathes, Eric Wadlé a Kim Schortgen

07/06/2013

8.-9.6. & 13.-15.6.: Prouwen an Infoen bzgl. Première

Prouwen virun der Première,
fir jiddereen deen de 15.6. dobaï as.

8.6. 10-18h zu Remerschen an der Sportshaal
9.6. 10-16h zu Remerschen an der Sportshaal

zu Remerschen an der Sportshaal

De genneen Timing w.e.g. mam jeeweilege Coach ofschwätzen.

13.6. 18h-21:30h Sänger
19h-21:30h Dänzer, Musiker a Rapper
zu Remerschen an der Sportshaal
14.6. ab 18h Sänger
ab 19h Dänzer, Musiker a Rapper
zu Remerschen an der Sportshaal

Wann ee vum 14. op de 15.6. zu Remerschen iwwernuete well, w.e.g. dem RotR-Team bescheed soen.

De genneen Timing w.e.g. mam jeeweilege Coach ofschwätzen.

15.6. 13h RdV zu Remerschen bei der Sportshaal fir dann zesummen op Wellesteen ze
fuehren
13:30h Soundcheck
14h Generalprouf zu Wellesteen op der Bühn
19h RdV zu Wellesteen
20:30h Optrëtt zu Wellesteen

De genneen Timing w.e.g. mam jeeweilege Coach ofschwätzen.

Gezeih fir den Optrëtt, wa méiglech w.e.g.:
Dänzer: ganz a Waïss
Sänger: Waïss Box a schwartzt Iewegt
Musiker: Schwarz Box a waïsst Iewegt
Rapper: wéi Dir wellt (ausser schwarz a waïss)

Mir wollten d'Participanten, d’Elteren a Verantwortlech vun de Kanner a Jonken op dëser Plaatz och drop hiweisen, datt eisen Encadrement den Owend vum 15. Juni mam Enn vum Optrëtt ophält. Den Transport heem misst w.e.g. jidderee fir sech selwer organiséieren.

Fir all weider Infoen: info(at)rollinontheriver.lu

11/05/2013

Workshop 18.-20.5.2013

Moien allegueren!

Den zweete gemeensame Workshop steet virun der Dier.

Deskéier as en allerdengs nët zu Réimech am Jugendhaus, mais zu Remerschen an der Sportshaal vun der Schoul géigeniwwer vun der Jugendherberg.

Treffpunkt as samsdes um 11h zu Remerschen.

Mat Ausnahm vum Mettegiesse samsdes as fir Är Verpflegung gesuergt. Brengt Iech samsdes fir mettes also w.e.g. eppes Klenges mat.

Samsdes Owes gid Dir am Kader vun der Nuit du sport op d'Remerschener Weieren. Schwammsaachen wären also vu Virdeel. ;)

Fir, datt mir alles bescht méiglegst organiséire kënne biede mir déi, déi sëch nach nët ugemellt hun dest w.e.g. nach ze maachen. Entweder iwwer Doodle:

http://www.doodle.com/k7v83ntutyfrwyss

oder wann Dir hei schlofe wellt mellt Iech w.e.g. un iwwer:

info@rollinontheriver.lu

De Workshop as méindes um 16h eriwwer.

Weiderhin merci fir Ärt Engagement & LG,

RotR-Team

05/04/2013

WORKSHOP 13.-14.4.13

Léif Jonk, léif Elteren,

De Weekend vum 13.4.-14.4.2013 ass deen éischte Workshop un deem d’Participanten aus deene verschiddenen Disziplinnen deelhuelen a gemeinsam prouwe wat si bis elo an den eenzelne Gruppe mat hiere Coachen ausgeschafft hunn.

Et geet lass um 10h00 un mat enger klenger Informatiounsronn zu der net nëmmen d’Participante mä och hier Elteren häerzlech ageluede sinn (besonnesch am Fall wou de Participant nach keng 18 Joer huet). De genaue Programm vum Dag fannt dir an der Annexe.

Dëse Workshop ass e feste Bestanddeel vum Proufplang an et ass wichteg dat dir dobäi sidd. Mellt iech w.e.g bis de 4. Abrëll iwwer info@rollinontheriver un a sot eis och op dir wëllt op der Plaatz iwwernuechten.

Dës weidere fannt dir hei eng Lëscht mat den Dokumenter déi mir nach vun iech brauche fir dat dir während de Prouwen assuréiert sidd an de Projet allgemeng gutt ofleeft.

 Fiche d’inscription
 Fiche médicale
 Autorisation (gegebenenfalls vun den Elteren) à la publication des photos
 Contrat de participation

(Déi éischt draï Dokumenter fannt Dir och hei op eisem Site, ënnert: Formulaires)

Schéckt eis Är Kopien w.e.g. eran oder bréngt se spéitstens den 13. Abrëll mat.
Weider Informatioune fannt dir op www.rollinontheriver.lu oder schreift eis op info@rollinontheriver.lu

A mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 8.4.13 via Email fir de Worhshop un, mat enger klenger Notiz ob Dir hei schlofe wellt.

Merci am viraus fir är Méi an äert Engagement a vill Spaas um Worhshop!

Programm vum Workshop

13.4.13
10h00 Infoversammlung fir d’Elteren an d’Participanten
Accueil a Kenneléiren bei engem gudde Kaffi
11h00 Yoga mam Sylvia Camarda fir ALL d’Participanten.
11h45 Paus
12h00 Prouwen
14h00 Iessen
15h00 Prouwen
18h00 Iessen
19h30 Film iwwert d’Stones
22h00 Jugendherberg

14.4.13
10h00 Yoga mam Sylvia Camarda fir ALL d’Participanten
10h45 Paus
11h00 Prouwen
13h00 Iessen
13h45 Prouwen
15h45 Mir raumen all zesummen op
16h00 Verabschiedung

02/03/2013

3.3.13: Gesangsprouf

GESANGSPROUWEN:
D' Gesangsprouf fir jidereen as den Sonndeg 03.03.13 vun 17-19h am Proufsall vum Babylonia-Jugendhaus.

02/03/2013

2.3.-3.3.13: DANZPROUF OFGESOT!

OPGEPASST:
D'Danzprouwen des Woch (2.3.-3.3.13) muss leider ofgesot gin, d'Sylvia as krank!!!

20/02/2013

Gesangsprouf; 24.2.13; 10-12h; Babylonia-Jugendhaus

Déi éischt Gesangsprouf fir jidereen as den Sonndeg 24.2.13 vun 10-12h am Proufsall vum Babylonia-Jugendhaus. Do gët e.a. och gekuckt wéi d'Prouwen an Zukunft organisiéiert gin.

Pages

S'abonner à News