OPGEPASST:
D'Danzprouwen sin des Woch just den 23.-24.2.13!!!
(Je nodeem wéivill sëch der umellen) Samsdes 12-18h, sonndes 10-16h, am Babylonia-Jugendhaus.
De ganzen geännerte Proufsall kënnt nach no.


![]()
OPGEPASST:
D'Danzprouwen sin des Woch just den 23.-24.2.13!!!
(Je nodeem wéivill sëch der umellen) Samsdes 12-18h, sonndes 10-16h, am Babylonia-Jugendhaus.
De ganzen geännerte Proufsall kënnt nach no.
Léif Sänger/innen!
Déijéineg déi beim Casting waren
Mir hun d’Freed Iech matzedeelen dass dir de Casting bestan hudd, demno: Wëllkomm bei Rollin’ on the River!
Kéint Dir eis w.e.g. via Email Bescheed soen wéieng 2 Wochendeeg et fir Iech prinzipiell géing goen fir ze prouwen. Gid eis w.e.g. zousätzlech och 2 Deeg un wou et Iech nët geet. Mir probéiren dann sou gudd et geet eise Proufplang dono ze riiten.
Et sin 2 Workshops geplangt, wou Dir deelhuele musst. Deen éischten as vum 13.4.-14.4.13 an deen zweeten as vum 18.5.-20.5.13.
Während de Workshops an och soss besteed d'Méiglechkeet hei ze IWWERNUETEN! Falls Interesse dbzgl. besteet, sot eis w.e.g. sou séier wéi méglech bescheed!
Generell as och un all de Prouwen deelzehuel fir, déi Dir Iech ugemellt hut. Sollt Dir aus engem oder deem anre Grond nët deelhuele kënne musst Dir Iech w.e.g. ofmellen! Mais, bedengt, wann Dir der vill verpasst, stellt sëch d’Fro ob Dir fit genug fir den Optrëtt sid.
Dest ass mam Serge Schonckert dann ofzeklären.
Bei de Formulären fannt Dir d’fiche d’inscription, d’fiche d’autorisation (parentale -> fir déi ënner18 Joer) pour la publication de photographies an eng fiche médicale. Fëllt do w.e.g. daat aus waat Dir nach nët ofgin hut an brengt ët w.e.g. déi nächstkéier mat.
VERPASSTE CASTING!
Déijéineg déi nët beim Casting dobaï waren, kennen den 9.2.13 um 17:30h virsangen!!!
Gid eis w.e.g. dbzgl. bis spéitstens den 6.2.13 e kuerze Feedback.
Scheckt ALL Är Emailen w.e.g. nëmmen un: info@rollinontheriver.lu
Merci am Viraus an op eng gudd Zesummenarbecht,
RotR-Team
Léif Dänzer/innen!
Déijéineg déi beim Casting waren.
Mir hun d’Freed Iech matzedeelen dass dir de Casting bestan hudd, demno: Wëllkomm bei Rollin’ on the River!
Sot eis w.e.g. bis spéitstens de Méindegowend (4.2.13) bescheed op Dir z.B. weekends oder bei de Prouf-Wochen hei iwwernuete wëllt. D’Zemmere mussen reservéiert gin!!! (Event. as et nët méiglech vum 16.3. op den 17.3. hei ze iwernueten.)
Samsdes as jidderee selwer fir seng Verpfleegung zoustänneg. Sonndes krit Dir e Mettegiessen bei eis.
D’Prouwen den 7.2. an 9.-10.2.13 sin am Babylonia-Jugendhaus. Dono kucke mir weider.
DE PROUFPLANG FANNT DIR BEI DE FORMULÄREN!!!
Et sin 2 Workshops geplangt, wou Dir deelhuele musst. Deen éischten as vum 13.4.-14.4.13 an deen zweeten as vum 18.5.-20.5.13.
Generell as och un all de Prouwen deelzehuel fir déi Dir Iech ugemellt hut. Sollt Dir aus engem oder deem anre Grond nët deelhuele kënne musst Dir Iech w.e.g. ofmellen! Mais, bedengt, wann Dir der vill verpasst, stellt sëch d’Fro ob Dir fit genug fir den Optrëtt sid. Dest ass mam Sylvia Camarda dann ofzeklären.
Bei de Formulären fannt Dir d’fiche d’inscription, d’fiche d’autorisation (parentale -> fir déi ënner18 Joer) pour la publication de photographies an eng fiche médicale. Fëllt do w.e.g. daat aus waat Dir nach nët ofgin hut an brengt ët w.e.g. déi nächstkéier mat.
VERPASSTE CASTING!
Déijéineg déi nët beim Casting dobaï waren, kennen entweder den 7.2.13 oder den 9.2.13 virdanzen. Daat sin déi lescht Méiglechkeeten fir nach matzemaachen!
Gid eis w.e.g. dbzgl. bis spéitstens den 4.2.13 e kuerze Feedback.
Scheckt ALL Är Emailen w.e.g. nëmmen un: info@rollinontheriver.lu
Merci am Viraus an op eng gudd Zesummenarbecht,
RotR-Team
Wichtegst Infoen
WOU?
Babylonia-Jugendhaus
(Buvette vun der emoleger Aïspist, niewend der Réimecher Schwemm)
4, rte du Vin
L-5549 REMICH
Tel: 26 66 45 87
E Lageplan fannt Dir op eisem Site: www.babylonia-jh.lu oder direkt ënnert desem Link:
http://babylonia-jh.lu/sites/babylonia-jh.lu/files/Lageplan-Babylonia-Ju...
Fir déijéineg, déi mam Auto kommen: Dir kënnt um Parking vun der Schwemm parken.
Fir déijéineg, déi mam Bus kommen: den 175 bleiwt direkt virun der Schwemm resp. dem Jugendhaus stoen.
Waat? Wéini?
Vocals (Serge Schonckert) 10:00-12:00
Dance (Sylvia Camarda) 14:00-16:00
Band & Museker (Paul Hoffmann) 14:00-16:00
Rap & DJing (De Läb) 16:00-18 00
Vocals:
D’Participanten solle jeweils e bis zwee ennerscheedlech Lidder virbereeden.
Sie brauchen entweder e Playback (op CD, MP3-Player, USB-Stick...) oder eng Partitur.
Wann een Nouten well matbrengen, da muss hien/hatt en eegenen Pianist organiséiren, bzw. falls daat nët geet, rechtzaïteg dem RotR-Team bescheed soen.
Band & Museker:
D’Participanten solle jeweils e bis zwee ennerscheedlech Lidder virbereeden.
Zur Verfügung stin:
- Mëschpult (6 Mic-inputs, 12 Jack-inputs, Aux-input)
- Bassbox
- MP3-CD-Player
- 6 Mikroen (3x vocal, 3x instrumental)
- 2 Lautspriecherboxen
- Drums (Snare, Hi-Hat, Crash, Ride, 2 Toms, 1 Floortom)
- 1 klenge Keyboard (Casio LK-230)
- 4 klassesch Gitarren
- 1 elektresch Gitarre, inkl. klenge Verstärker
- 1 Bassverstärker
- iMac inkl. GarageBand
Wann een een aanert Material well notzen, muss dat matbruet gin.
Dance:
D'Participanten brauchen net onbedingt eppes firzebereeden.
Opwiermen, Choregraphie an Improvisatioun gët „sur place“ gemaach.
Rap & DJing:
En DJ brauch Basic-Scratch Kenntnisser.
De Läb stellt zur Verfügung:
- ee Rane DJ Mixer mat Rane Serato (DJ-Software) a Plakkespiller
- een Technics SL 1210 MK2
d.h. wann en well eng Demonstratioun maan soll en dat op CD oder Mp3-Format matbréngen.
Wann een een aanert Material well notzen, muss dat matbruet gin.
E Rapper soll eng CD matbréngen, mat den Intrumentals senger Wahl, sos just seng Texter am Kapp, seng Stemm an seng Flow's.
D’Entscheedung gët via Email matgedeelt!
Casting manqué:
Sollt een net den 26.01.13 um Casting deelhuele kënnen, da kéint daat (no Ofsprooch mam RotR-Team) am Prinzip an enger vun den éischte Prouwen nogehol gin.

Wéinst der grousser Nofro as d'Frist fir sëch fir de Casting unzemellen bis den 19.1.13 verlängert gin!